PERFORMANCE

Page 1

Performance E Monolog vum Guy Helminger



Performance E Monolog vum Guy Helminger





NOTE D’INTENTION

E Solo huet, a menger Erfahrung, quasi ëmmer d’Tendenz e bessi méi no um Schauspiller ze sinn, wéi dat de Fall an engem dialogesche Stéck ass. Vläit well de Spiller nach méi exposéiert ass ewéi soss. D’Schizophrenie ass vläit nach méi grouss well e keen aneren ausser sech an eventuell den Nokuckert huet fir ze interagéieren. Als Zuschauer kann ee sech deemno bei engem Solo och ni wierklech sécher sinn ob deen op der Bühn elo dat mécht wat e soll, seet wat do steht oder eventuell scho laang aus der Roll geklommen ass a privat weidermécht - et kann een en eventuellt Entgleise vum “Performer” net un engem Spillpartner mierken, well nämlech genau dee Spillpartner fehlt. Mir sinn als Zuschauer alleng mat dem Performer, mee mir wësse jo - am Kontraire zum klassesche Spillpartner - net wat wierklech soll passéieren, wat geprouwt, improviséiert, wat an der erfonntener Wierklechkeet vun der Bühn stattfënnt, a wat an d’Realéitéit iwwert d’Bühnekant erofrutscht. Perfomance spillt souwisou scho mat der Iddi vun der Onkloerheet vu Realitéiten a genau déi kënne mer duerch d’Onsécherheet vum Solo weider exploréieren a verstäerken: Mer ginn an den Theater, do behaapt en Typ, mer wäeren an enger Bank. Als brav Zuschauer akzeptéiere mer dat. Mer wësse jo, dass mer am Theater sinn, eis also näischt ka geschéien. Wat geschitt awer, wann deen Typ op der Bühn elo awer op eemol d’Méiglechkeet opmécht, dass mer op enger Bühn wären, an dass en eis di ganzen Zäiten ugelunn hätt wat dat mat der Bank ubelaangt? Dee Moment, wou de Performer d’Bühneralitéit - déi zwar usech eng Ligen ass, mee eng, déi de braven Zuschauer fir d’Illusioun gäeren akzeptéiert - selwer als Ligen dohinnerstellt, ass eis Sécherheet dohinn, oder? Mat der Logik vu Realitéiten, déi sech permanent an ëmmer mi séier verréckelen a verschieben, si mer am Moment op der ganzer Welt konfrontéiert. Deen een Dag ass deen ee gutt, deen anere béis a moar ass et erëm anescht. Mat all Attack vun Terroristen, Mëllerten, politeschen Amoklefer oder Soziopathen verrutscht eis Realitéit erëm a mer mussen no neien Upake sichen. Wie soll nach wëssen, wa während engem Theaterowend zu Wien oder soss enzwousch op eemol Leit mat Waffen op der Bühn stinn, ob dat zur Inszenéierung gehéiert oder en Uschlag oder gar eng politesch Performance ass… Et geht ëm Onsécherheet an den Ëmgang dermat. De Benoît Pleimer ass, groussginn an enger Welt di “sécher” ass, alles schéngt virbestëmmt, festgeluecht an onréckelbar: Sécherheet. Domadder kënnt awer Stagnatioun. De Benoît Pleimer wëllt dat Spill awer net mi matspillen, hien, (oder ass et awer vläicht de Spiller?) wëllt um gliesene Käfeg rëselen, Onsécherheet verbreeden als Akt vun der Fräiheet. A wat mat Onsécherheet a Fräiheet sech ëmmer gläichzäiteg unzitt an ewéchdréckt ass Kontroll: beim Solo huet de Spiller eventuell méi Kontroll ewéi normal - Wat passéiert, wann ech ëm se ganz gin?. Hien, a gudder aler Performance-Logik, kontrolléiert alles selwer: säi Rhythmus gëtt net vu bausse vu Luucht, Toun a soss techneschem Krimskrams bestëmmt, mee hien decidéiert wéini wat passéiert, a wéini d’Performance eriwwer ass… D’Aussernanersetzung ob a wa jo, wéini dass en Uschlag, een doutmaachen, Geiselen huelen, Leit op engem Concert oder op engem Camping erschéisse gerechtfertegt oder op mannst nozevollzéien ass, a wéini et Terror a wéini Wahnsinn ass, wier dat läscht awer wichtegt Thema, wat Performance ënnerläit a wat et gëllt an de Prouwen z’exploréieren - an ob eis Mehnung um Enn eng aner wier, wann de Benoît Pleimer e Vollbaart hätt…


avec Jules Werner mise en scène Anne Simon scénographie et costumes Anouk Schiltz coproduction Théâtre du Centaure et Kulturhaus Niederanven Théâtre du Centaure novembre 2016

photographie / mise en page Bohumil KOSTOHRYZ


Performance E Monolog vum Guy Helminger

De Benoît Pleimer schafft op der Bank. De Benoît Pleimer ass an enger gutt beduchter Famill opgewuess. Do krut en alles wat e wollt, just net dat, wat e gebraucht huet. Haut den Owend erklärt en, firwat en do steet, wou en elo steet - ass et wéinst senger Mamm ? deem kranken Organismus, dee mer Gesellschaft nennen ? der Relioun ? oder well e, wéi e kleng war kee « Fernseh » huet dierfe kucken, well « Fernseh » ass fir déi, di op där anerer Säit vum Ënnerscheed liewen : « d’Locatairen », d’Aarbechter, d’Auslänner… Wéi gesot, de Benoît Pleimer schafft op der Bank. An haut den Owend ass e mi laang bliwwen. E wäert och bis muer de Moien do net fortgoen. A wann en da geet, da fir richteg, a mat him nach e puer anerer. Esou wéi et ausgesäit och seng Mamm. Mee vläit ass dat, wat de Benoît virhuet, jo « just », wéi e seet, eng Performance. Just eben eng mat engem Klabes an der Hand.






1. Mäin Numm ass Benoit Pleimer. Ech sinn um Lampertsbierg grouss ginn, era gebuer an eng Famill mat Goss, wéi een esou seet. Em meng Kandheet hu sech zwee Au-pair-Meedercher gekëmmert. A meng Mamm - wa se Zäit hat.



Mat véier Joer hunn ech Piano geléiert, mat sechs Flütt. Haut hunn ech der 44. Am Lycée war ech ëmmer ënnert deenen éischten, duerno hunn ech studéiert, bon, wat een esou studéiere nennt, a schaffen elo zanter zwanzeg Joer an dëser Bank.



A muer de Moie wäert ech esou vill Leit erschéisse wéi méiglech. A wann näischt méi geet, stiechen ech mer d‘Pistoul an de Mond a soen Awuer.



2. Ech huelen un, datt der verstitt, datt dat eent di logesch Folleg vun dem aneren ass. Logesch wär et och, wann ech Kriibs hätt. Awer ausser enger chronescher Gastritt sinn ech komplett gesond. Mee wat ass scho logesch? „Logik“ sot mäi Papp, „ass alles. Hannert all Detail stécht Logik.“ Als klengen Däbbes hunn ech alt versicht, de Kanapee ewech vun der Mauer ze zéie ϐir hannendrun d’Logik ze fannen. Oder ech hunn al Weckeren ausenaner geschloen a geschrauft. Do waren Zännrieder dran, awer Logik hunn ech net gesinn. „Wéi gesäit d‘Logik aus?“ hunn ech mäi Papp gefrot. Mäi Papp huet net gelaacht, - en huet souwisou ni gelaacht - mee e Blat geholl a mat engem Bic e „p“ drop gemoolt, dunn e Feil an hannert dem Feil e „q“. Ënnert de „p“ huet en nach e „p“ geknetzelt, dunn e Strich drënner gezunn an dorënner nach e „q“ geschriwwen. „Dat ass Logik“, sot hien. Ech hunn dat Blat laang a menger Täsch gehat, ëmmer erëm drop gekuckt, mee egal wat ech opgemaach hunn oder ausernee geholl hunn, di Zeechnung hunn ech néirens fonnt.



p implizéiert q. Wa p antrëtt, da kënnt och q. Mäi Liewe bis elo war p. Muer de Moie kënnt de q. E kënnt mat enger Jennings, Hallefautomatik, Kaliber 22. Logik schéint also dach ze existéieren, just net an allem.



3. Waarm hei, net dier.

Elo schonn. Dobäi gëtt owes hei an der Bank d’Heizung erofgedréint, d’Temperatur gewiesselt. Wann näischt ze verdéngen ass, muss et och net waarm sinn. Logesch. Bei eis doheem huet ni eppes gewiesselt. Och keng Temperatur. Et war ëmmer wootlech.



Ech sinn op d’Welt komm an alles war do. D’Miwwelen an der Kichen, d’Miwwelen an de Schloϐkummeren, den Teppech am Salon an d’Televisioun, déi ni u war, mee déi een awer huet missten hunn. Vu klengem u wousst ech, datt d’Televisioun näischt Intelligentes weist an datt ee se doϐir net kuckt. Mee datt een awer eng misst hunn, well et komesch wär, wann ee keng hätt. Mir haten och kee Fernseh, mir haten eng Televisioun. De Guy, deen hat doheem e Fernseh. An en huet och vill Fernseh gekuckt. Mee de Guy war och net gutt an der Schoul. Wann hien dem Tarzan säi Gejäiz am Schoulhaff nogemaach huet, hunn ech zwar misste grinsen, awer ech wousst och am selwechten Ament, datt aus him ni eppes géif ginn. An do hat ech grad emol siwe Joer. Dat Wëssen ass lues a lues komm. Ouni datt meng Elteren et mir a klore Wierder bäibruecht hätten. Dat Wëssen ëm Ënnerscheeder.



An der Spillschoul hunn ech se am Ufank nach net gesinn. Déi Ënnerscheeder. Awer ech hunn dat frëndlecht Laachen ëm d’Lëpse vun menger Mamm gesinn, wa se mech erageruff huet. An ech hu gespuert, se huet mech net einfach erageruff, mee fort vum Rodrigo a vum Guy. Dat eent war e Portugis an dat anert en Aarbechterkand. Och en interessanten Ënnerscheed, deen do gemaach gouf, well d’Portugisen deemools, esou wäit ech weess, all Aarbechter waren. Jiddwerfalls wou ech an d’éischt Schouljoer koum, wousst ech, datt de Guy an de Rodrigo keen Ëmgang ϐir mech wieren. Ech hunn dat zu déifst geϐillt. Soubal si mat mir geschwat hunn, huet meng Séil sech zeréckgezunn, wéi wann ee géif mat hir Golf spillen. Ëmmer en Ënnerscheed ze ϐillen, heescht, ëmmer alleng ze sinn. Natierlech ginn ech menger Mamm doϐir d’Schold. Mengem Papp och. Ech weess, datt déi Ënnerscheeder net vun hinnen erfonnt goufen, mee de Gruef an eiser Gesellschaft erëmspigelen zwëschen deenen, di verdéngen an deenen, di manner verdéngt hunn... Dir verstitt wat ech mengen. Et huet jo all Mënsch d’Chance eppes aus sech ze maachen, gell dier. A ween dat net packt, dee lieft eben op der anerer Säit vum Ënnerscheed.



Jo. Ech gi mengen Elteren d’Schold, well se di Ënnerscheeder weiderverierft a mech esou zu deem Krëppel gemaach hunn, deen ech haut sinn. Eng Gesellschaft, di Krëppelen, wéi mech zillt, ass keng Gesellschaft, mee e kranken Organismus. En organiséierte kranken Organismus. Gesellschaft, jo, geselleg sinn, gutt zesumme liewen, jidderengem säi Gesellebréif zougestoen, säin mentalen CAP. Dat wär eng Méiglechkeet gewiescht, eng Méiglechkeet, des Nuecht net hei an der Bank ze verbréngen, ugedoe mat enger 22er, mee doheem am Bett am Pyjama.



4. Vun deem Moment un, wou ech konnt schwätzen, sote meng Eltere mir, ech soll nolauschteren. Cat Stevens. Yusuf Islam. Wa meng Mamm wéisst, datt ech e populäre Museker souzesoen als Affekot zitéieren, géif déi sech am Graf ëmdréinen. Wa se schonn dout wier. Mee dat dauert nach. Op mannst bis muer de Moien.



Ech hu mech virdru gefrot, op ech vläicht e Freiden ϐir meng Aktioun gewielt hunn, well do meng Mamm ëmmer bei mech an de Guichet kënnt. Ech hunn dorunner net geduecht, wéi ech dat Ganzt geplangt hunn. Mee haut de Mëtten, war de Gedanken do: Muer de Moie kënnt dach deng Mamm. Wëlls de vläicht just si erschéissen? Hues de dat alles arrangéiert, just ϐir hir ze soen, wat se falsch gemaach huet? Dat wär e bësschen kuerz gegraff. Ech haasse meng Mamm net. Ech hu se nach ni gehaasst. Ech hunn awer och keen anert Geϐill ϐir si. Kee Matleed, keng Léift, et ass einfach näischt do. Genausou wéi ech ϐir keen aneren eppes ϐillen. Ech kann natierlech och soen: „Di aarm Leit“, wann ech liesen, datt se am Bangladesch erëm erdrénken oder wa Kanner an Afrika vun Honger déck Bäich hunn. Dat kascht mech kee Su. „Wierder!“ géif de Shakespeare soen. Wierder! Wierder! An dono en Amuse-Gueule a vergiess. Fantastesch wéi esou en organiséierten Organismus funktionéiert, sech zesumme rullt, sech protegéiert. Di meescht ϐillen näischt méi. Loosse mer éierlech sinn.



Wa meng Mamm also muer de Moien hei an d’Bank kënnt, erschéissen ech se, genau wéi all di aner, di zanter 20 Minutten virun der Dier waarden. Waarden op Suen. Genau wéi meng Aarbechtskollegen. Genau, wéi den Här Mortier. Dee läit schonn do uewen a sengem Büro. Dat war inevitabel. Hien huet den Zentralschlëssel an deen hunn ech gebraucht. Hien hätt mech jo net fräiwëlleg hei iwwer Nuecht gelooss. Doϐir sinn ech erop an säi Büro gaangen, nodeems di aner fort waren, an hunn en erschoss. Vläicht hunn ech dat och esou séier gemaach, well et elo keen Zeréck méi gëtt. Esou eng Nuecht ass laang an dann denkt een no. Et gëtt ee midd an op eemol gesäit een d’Saache manner wëll. Mee mat enger Exekutioun um Bockel geet ee weider. Do ass eng Grenz iwwerschratt. Et war iwwregens net schwéier ofzedrécken. Et war, wéi wann ech nach ni eppes anescht gemaach hätt. Wann d’Konditioune stëmmen, da si mier zu allem fäheg. An eise kranken Organismus, deen huet Konditioune geschaaft, déi alles zouloossen. An der Ekonomie, an der Politik, am Privaten. An deem Moment wou et geknallt huet, duecht ech: Mortier. Wéi wann a sengem Numm schonn der Dout ëmmer matgereest wär. Dat war dat Komeschst an dem Abléck. Di Ironie vum Numm.



5. „From the moment I could talk I was ordered to listen ...“ Ech ka mech nach gutt drun erënneren, wéi ech schwätze geléiert hunn. Onwahrscheinlech, ech weess, mee ech hunn e kloert Bild virun den Aen. Ech sëtzen um Kanapee, - ech souz ëmmer um Kanapee, hunn ni dierften um Buedem erëm krauchen, well deen esouguer gebotzt nach knaschteg ass. Just um Kanapee hunn ech dierfte krauchen. Mee am beschte war et ϐir meng Mamm, wann ech einfach do souz. Heiansdo froen ech mech, wéi ech goe geléiert hunn? Dorunner kann ech mech net erënneren. Mee u mäin éischt Wuert ... Bon, Wuert … E Geräisch. E bestëmmtent Geräisch, dat ech ëmmer erëm vu menger Mamm héieren hat. Wann ech geknoutert hunn, sot si: „Pssst!“ A wann ech gekrasch hunn: „Pssst!“ Si souz an enger Fotell, ech souz um Kanapee. Si hat eng Zeitung am Grapp, nieft mir loung e Buch mat Biller. Ech hunn de Kapp gehuewen a: „Pssst!“ gesot. Meng Mamm huet mech ugekuckt an dunn d‘Zeitung zesumme gefaalt. Dunn huet si sech nieft mech gesat, d‘Buch an de Grapp geholl a mir hunn eis zesummen d’Biller ugekuckt. Si huet mer näischt virgelies, dat huet d’Au-pair-Meedchen heiansdo gemaach. Mir souzen do an hunn op d’Biller gestuerkt, bis si d’Säit ëmgedréint huet. Wou mer d’Buch fäerdeg gekuckt haten, ass si zréck an d’Fotell gaang an huet weider d’Zeitung gelies. Ech weess haut nach, datt ech direkt erëm wollt „Pssst!“ soen, mee ech konnt net. Wéi wann ech mech un d’Buschtawefolleg net méi géif erënneren. Eréischt eng Woch méi spéit hunn ech nach eng Kéier „Pssst!“ zu menger Mamm gesot, mee si huet just kuerz de Kapp gehuewen an du weidergelies.



Meng Mamm huet souwisou ni vill geschwat. Di meescht Leit mussen ëmmer schwätzen, net ϐir eppes ze soen, éischter ϐir sech selwer gewëss ze sinn, ϐir ze mierken, datt se d’Situatioun, an där se stiechen, meeschtere kënnen. Lauter gestéiert Nomaden, di Geräischer produzéieren, ϐir hir Existenz ze spieren. Am Fong kinnte mer all billen, miauen oder brëllen wéi eng Rott Pavianen. D’Welt géif genausou ausgesi wéi elo och. Schwätze ϐir näischt ze soen, doϐir suergen, datt d’Kommunikatioun eng Plack bleift, déi ni gewiesselt gëtt. D’Claire, mäin éischt Au-pair-Meedchen, huet méi geschwat wéi meng Mamm a mäi Papp zesummen. Mee dat war och net schwéier. Doϐir ze soen, hatt hätt vill mat mer kommunizéiert, géif den Nol awer verfeelen. D’Claire, wéi dono och d’Claudine, hate vill ze vill Angscht viru menger Mamm. Soubal si an der Géigend war, ass d’Welt a Watt gepaakt ginn. Am Haus war et dann esou roueg, datt ech mäin eegent Blutt an den Oueren hu jauwen héieren. Et war d’Geräisch vun enger virtueller Achterbunn, déi e Liewe laang biergof rullt. Spéider hunn ech mech gefrot, ϐirwat meng Mamm mech kritt huet? Awer si wollt e Kand. Dat huet si mer selwer gesot. Just ϐirwat si eent wollt, dat hunn ech ni erauskritt. Vläicht well et ϐir si méiglech war. Si huet sech näischt dovu versprach. Vu mir, vum Kannerkréien. Wichteg war nëmmen, datt ech hir gehéiert hunn. Et ass net em Geϐiller gaang. Déi waren net logesch, wéi mäi Papp gesot hätt. Eng Kéier hunn ech direkt gefrot: „Firwat hues du mech kritt?“ „Dat gehéiert sech esou“, huet si geäntwert. An no enger Paus: „Et ass mäi Beruff als Fra.“ Beruff? Et ass em Besëtz gaangen. Besëtz, deen ee vergréissert huet. Duerch Schaffen, duerch Aktien an duerch Som an Eeërstäck.



6. Et gëtt jo behaapt, en Amoklaf géif am Affekt passéieren. Ech sprangen elo e bësschen hin an hier. Ech hoffen, dier huelt mer dat net iwwel. Ech hunn di lescht Wochen esou vill nogeduecht … D’Verbaliséieren ass awer eng Hëllef. Och wann d’Logik dobäi op der Streck bleift.



Jo. Et gëtt behaapt, en Amoklaf géif am Affekt passéieren. Doϐir brauch ee Geϐiller. Do muss een opgewullt sinn, Haass hunn, duerchdréinen, verzweiwelt sinn. Ech weess net, wat dat ass. An doϐir lafen ech och net Amok, wann ech muer de Moie Leit erschéissen. Dat géif ech gäre festhalen. Ech si vu klengem u geléiert ginn, mech an der Gitt ze halen. D’Welt ass wootlech. Mee ech hätt mech gären heiansdo verbrannt. Nee. Ech hat mech mäi Liewe laang an der Gitt. Och wann ech spéider bewosst versicht hunn, eng Grenz ze iwwertrieden. De Schrack ze wäit war nëmme méiglech, well ech d’Grenz fest am Kapp hat. Ech hat mech esou gutt an der Gitt, datt d’Nerve ϐir Duerchzedréien ofgestuerwe waren, ier ech et gemierkt hunn. Och déi, ϐir ee gär ze hunn, déi, ϐir een ze veruechten, déi, ϐir Freed ze spieren. Wéi bei engem Déier, dat esou laang an engem enke Käfeg gehale gëtt, bis et net méi lafe kann.



Wann de Guy an der Schoul de Rodrigo gebeetscht huet, stoung ech donieft an hunn nogekuckt. D’Madamm Grignard, eis Schouljoffer, sot eng Kéier: „Ma Benoit, ϐirwat hëls de di zwee dann net auserneen? Oder jäiz!“ Ech hu ϐir d’éischt guer net verstan, wat si vu mir wollt. Wat hat ech domadder ze dinn? Ech hu gesinn, wéi dem Rodrigo d’Blutt aus der Nues gelaf ass, mee dat war net méi, wéi e puer Drëpse Faarf an der Landschaft. Ech hunn näischt domat verbonnen, keng Opreegung, keng Angscht, einfach näischt. Di zwee, déi sech do gewänzelt hunn, hu mech un eng Plott Woll erënnert, déi de Wand duerch d’Strooss rullt. Mee d’Joffer Grignard huet dra gekuckt, wéi wann de Guy si selwer gebeetscht hätt. Se huet bal gekrasch, wéi se dem Rodrigo d’Blutt an d’Schnuddelen ewech gewëscht huet. Duerno ass an der Klass iwwer Aggressioune geschwat ginn a wéi ee se an der Gitt hält. An ech weess nach, datt ech versicht hunn ze spieren, wat am Guy lass war, wéi en sech op de Rodrigo gehäit huet. Ech hu mäi Mo zesumme gezunn, d’Loft agehal. Mee ausser de Bauchmuskelen hunn ech näischt gespuert. Ech wousst net, datt ech deemools schonn dat Béischt war, dat net méi lafe konnt. Emotioune wéi gebrache Been. Och wann ech muer de Moien ofdrécken, hunn ech näischt géint déi Leit. Ech hunn och näischt ϐir se. Ech halen d’22er einfach an hir Richtung a schéissen.



7. Ech hu scho laang keng Flütt méi gespillt. Keng Angscht, ech spillen och haut den Owend net. D’Flütt ass just e Beweis vu fräiem Wëllen. Ech kéint se benotzen. Och an der Konscht. Ech kann en Objet an d’Hand huelen an op e Büro leeën, ouni Erklärung. Sënnlos. Well et eben net esou ass, datt wann am éischten Akt e Gewier un der Mauer hänkt, datt dat dann am leschten Akt och benotzt muss ginn. Sou ass d’Liewen net, sou muss och Theater net sinn. Logesch. An doϐir wäert ech keng Flütt spillen, wa muer de Moien d’Dieren op ginn. An awer … Deen Akt muer de Moien ass eng politesch „Performance“ (englesch ausgeschwat), eng Performance (lëtzebuergesch ausgeschwat, vun elo un ëmmer). Eng Aart Konscht, déi versicht, d’Häerz vum organiséierten Organismus ze treffen. An den Zeitunge wäerte se schreiwen: Eng onmënschlech Dot. A mengen Aen net. Villméi versichen ech, de mënschlechen Equiliber erëm hierzestellen, souzesoen den gesellschaftleche Bataklang ëmzetässele vun enger Schossel an di aner, bis d’Wo net méi op enger Säit an de Keller hänkt. Ass dat net e wichtegen Aspekt vu Konscht, di gesellschaftlech Dimensioun? Di Konscht am Fong huet an déi hir ewech geholl gouf?



Hei zu Lëtzebuerg kënnt der molen, wat der wëllt, kënnt der iwwer Mëssstänn schreiwen, eng Skulptur, géint wat och ëmmer ϐir e Misär, bastelen, d’Leit huelen dat net eescht. Se hänke sech d’Bild vläicht un d’Mauer, liesen och vläicht d’Buch a soen, oh wéi Recht den Auteur huet, an d’Gemeng stellt d’Skulptur op eng Kräizung, wou se verrascht, mee di ganz Konscht huet keng gesellschaftlech Relevanz méi. Op deem Punkt si mer all Béischten, déi ze laang am enke Käfeg souzen. Doϐir brauch et e Lauschterstéck, dat e bësselchen méi haart dauscht, eng Performance, bei där kloer gëtt, hei ginn ech no der Virstellung eventuell net méi heem.



8. Ech wëll och betounen, datt et muer de Moien net em mech geet. Wann d’Zeitunge schreiwe sollten, datt den Benoit Pleimer wollt op sech opmierksam maachen, da stëmmt dat net. Kennt der de Rimbaud? Je est un autre? Hmm? De Poet als Tube, duerch deen eng méi héich Gewalt sech ausdréckt. Wann ech dee Gedanken däerf kuerz ophuelen, dréckt sech muer de Moie souzesoen duerch de Laf vun der Jennings d’Iddi vun enger verstänneger Gesellschaft. Verstitt mech richteg, ech wëll domat net soen, datt ech de Rimbaud vum eenanzwanzegste Jorhonnert sinn. Ech wëll soen, datt et méiglech ass, duerch eng Performance den organiséierten Organismus esou ze rëselen, datt eng Gesellschaft domadder hiren Ufank fanne kann, grad sou wéi d’Mënschen d’Wichtegkeet vun der Konscht erëm dierften erkennen. Vläicht ass dat eent an dat anert och datselwecht. Well eng Gesellschaft, déi dësen Numm verdéngt huet, weess, datt Konscht vun enger existenzieller Relevanz ass, well se an der Eenzelheet eng Allgemengheet reϐlektéiert. Virun allem weess se, datt eng Kachemissioun net de Summum bonum vu Kultur weist, mee d’Dekadenz vu saturéierte Mënschen, déi Denken ϐir Leeschtungssport halen, an aus Angscht sech ze blesséieren, net dru ginn. Ech iessen och gäre gutt, keng Fro, ech sinn och frou, datt mer Leit hunn, déi kache kënnen. Awer en organiséierten Organismus, deen Designer a Kächinnen zu Kënschtler stiliséiert, deen de Kanner bäibréngt, de Sommet vum Liewenswee wier erreecht, wann ee Model oder Popsänger gëtt, dee spillt Golf mat der Séil. Leit unzestëppelen, dat ze erreechen, wat näischt mat hinnen ze dinn huet, ass eng Pervertéierung, déi dem Mënsch seng Intelligenz, seng Nobless a seng Dignitéit ewech hëlt.



Wann haut e Schneider, dee Kleeder ϐir di Räich zesummebitze léisst, méi dacks an der Televis…, am Fernseh ze gesinn ass, wéi een, dee wierklech eppes ze soen huet, dann ass dat pervers. Genau esou pervers ass et, wann dëse Schneider dausende Leit diffaméiert mat Sätz ewéi: „Een deen eng Joggingsbox undeet, deen huet d’Kontroll iwwert säi Liewe verluer.“ Dovunner ofgesinn, datt een do gäre géif äntweren: „Een dee kee Gehir huet, deen hat nach ni d‘Kontroll iwwert säi Liewen“. ’T ass symptomatesch ϐir eist Ëmfeld, datt sou e Schwachsënn als grouss Rhetorik gefeiert gëtt, awer Gedichter net ofgedréckt an net gelies ginn. Ofdrécken. Liesen. Ofdrécken. Liesen. Ofdrécken. … Ech kinnt natierlech muer de Moie ϐir d’éischt d’Leit froen: „Wéini hutt dier ϐir d’lescht e Gedicht gelies?“ A jiddwereen, deen äntwert: „Ech weess dat net méi“ oder: „An der Primärschoul“, dee gëtt erschoss. Dat wär eng Méiglechkeet, mee et géif mer di gesellschaftspolitesch Komponent a menger Performance ze vill op Literatur reduzéieren. Dovunner ofgesinn, ginn esou vill schlecht Gedichter geschriwwen an esou vill Leit mengen, wa se e puer Reimer ϐir dem Bopa säi Gebuertsdag op d’Blat kalligraphéieren, da wäre se Dichter, datt meng ganz Aktioun an e falscht Liicht géif kommen. Obwuel dee Manko u Sproochgeϐill natierlech och eppes ausseet. Virun allem, wann e verëffentlecht gëtt. D’Sprooch ass jo eng groussaarteg Méiglechkeet, sech matzedeelen, wéi esou a Radar, deen an d’Déift geet an duerch Buschtawen a Wierder e Bild vun der Séil zeechent. A wéi gëtt se a Wierklechkeet gebraucht? D’Sprooch? Wéi eng Plastikstut ϐir d’Gromperen heem ze droen, déi de Fernsehkach recommandéiert huet.



9. Doheem huet d’Claire mer ëmmer gekacht. Hatt konnt guer net kachen. Mee et huet geschmaacht. Well hatt iwwer em Kache geschwat huet an och iwwer em Iessen. Aus Polen waren dem Claire seng Elteren. Haten him e franséische Numm ginn, well se gemengt hunn, dann hätt hatt et méi einfach hei zu Lëtzebuerg. „An engem Camion mat duebelem Buedem iwwert d’Grenz“, sot d’Claire. „Meng Elteren si geϐlücht a vu lauter Freed hu se mech direkt gemaach, wéi se hei an der Stad waren.“ An ech hunn direkt gewosst, do läit den Ënnerscheed. Net am Camion mam duebele Buedem, och net an der Freed vun den Elteren, obschonns …, mee am ville Schwätzen. Wann ech mat mengen Eltere giess hunn, meeschtens Owes, - d’Claire huet an der Kiche giess - da war et esou roueg, datt een erféiert ass, wann eng Forschett géint e Glas getéckt ass. Wann ech haut drun denken, dann hunn ech d‘Bild vun enger Morgue virun den Aen. Meng Mamm, mäi Papp an ech, dräi Läichen, sëtzen do an iessen lues hiert Brout. Mir hunn ëmmer lues giess, obschonns ech haut weess, datt souwuel meng Mamm wéi och mäi Papp just op den Ablack gewaart hunn, wou mer fäerdeg waren, an si opstoen an sech zeréckzéie konnten. Nee. Et ass lues giess ginn, wéi wann ee misst d‘Quale vum Liewen aushalen. Heiansdo ass meng Bomi op Besuch komm, d’Mamm vu mengem Papp, an huet haart geknat. Ech mengen, am Fong huet si ganz normal giess, awer bei eis huet een dat eben héieren. Di éischte Kéier, wou dat mer opgefall ass, hunn ech menger Bomi beim Iessen nogekuckt, hunn hiert Gebéck gesinn, wéi et gemuelt a Geräischer iwwert d’Dëschelduch gestreet huet, bis meng Mamm op eemol sot: „Iess!“ Dat Wuert ass esou onerwaart komm: Iess, Iess, Iess, Iess …



Nee, meng Mamm huet net vill geschwat. A wann, dann huet si mer erkläert, wat ech ze dinn hätt. Virun allem hunn ech séier geléiert, vis-à-vis vu mengen Elteren keng Meenung ze hunn. Oder soe mer mol, se net ze weisen, net ze braddelen, wéi meng Mamm sot. Et ass virkomm, datt ech op eemol ugefaang hunn, ze erzielen, wéi de Guy dem Rodrigo sou d’Broscht zesumme gedréckt hat, bis dee schwaach gefall ass. Ee Wuert huet dat anert erginn. D’Sätz sinn nëmmen esou eraus gespruddelt, iwwert den Dësch gelaf, wéi wa se sech géife freeën, endlech fräi ze sinn, bis meng Mamm roueg sot: „Braddel net.“ Scho ware se verschwonnen, meng Sätz, hate sech opgeléist an iwwer dem Dëschelduch loung eng Rou, déi sou blatzeg wäiss war, wéi wa grad ee gestuerwe wier.



Enges Daags hat ech wierklech keng Meenung méi, doheem net, dobaussen net, an domat och kee Besoin, eppes ze erzielen. Ech hu Saachen gesinn, mee ech hu se net méi era gelooss, ϐir datt se net méi missten eraus. Dobausse war d’Liewen, a mir bannendra war Rou. Do ass kee Wand gaang, et war keng Stëmm ze héieren; wéi an engem Haus, dat laang eidel steet, sinn d’Mauere ϐiicht ginn, d’Tapéit houng erof a lues a lues huet all Mënsch dobaussen dat Haus vergiess. Wa meng Mamm e Saz gesot huet, da war dat en Noutfall. Da war ech schonn ze wäit gaangen, hat ze laang gebraddelt, hat eng Grenz iwwerschratt an hiert Wuert huet mech zeréck hannert d’Barrière gepaff. Meeschtens ass dat duusst Laachen em hire Mond duergaang, da wousst ech, ech braddelen ze vill an hätt besser nozelauschteren. Och wa keen eppes seet. Grad well keen eppes seet. Nolauschteren, wéi keen eppes seet.



10. Meng Mamm sot eng Kéier, ech huelen un, do hat si e braddelegen Dag: „Autoritéit brauch keng Wierder, awer d’Welt brauch Autoritéit.“ Dat hat si zu mengem Papp gesot, dee gemengt hat, et misst een mat den Aarbechter schwätzen, wann se onzefridde wären. Do huet mäi Papp och schonn ϐir meng Mamm an der Firma geschafft. Virdrun wor mäi Papp Manager bei enger anerer Boîte a bal ni doheem. Haut denken ech, e wollt ni doheem sinn. Op der Aarbecht wor hie quelqu’un, huet mat Leit geschwat, Entscheedungen getraff. Mee meng Mamm wollt, datt hie géif bei eis schaffen. Also huet e bei der aler Firma gekënnegt an huet an eiser ugefaang. Vun deem Dag un konnt ee gesinn, wéi mäi Papp sech verännert huet. Hien huet vun do un net méi oder manner doheem geschwat, mee seng Aart a Weis, wéi hie beim Kichendësch souz, war anescht, säi Gesiichtsausdrock, wéi wann d’Seeler an der Haut net méi sou gespaant wieren. D’Baken houngen e bësschen, d‘Haut ënnert den Aen ass dënn ginn. Ech wëll iwwregens betounen, datt et ϐir mech keng Roll spillt, ob meng Mamm déi dominant war oder mäi Papp. Wat eng Roll spillt, ass d’Gefäll zwëschent de Mënschen, an d’Oϐhängegkeet, déi doraus entsteet, eng Schiiϐlag, déi wéi en Hang zum Doud ass. An tatsächlech huet mäi Papp sech och enges Daags erhaang. Ech sinn aus der Schoul komm a gesouch e Policeauto, dee virun eisem Haus geparkt war. Och eng Ambulanz stoung do. Meng Mamm huet am Gang op mech gewaart a sot: „Géi net an de Salon, de Papp huet Dommheeten gemaach.“ Also sinn ech a mäin Zëmmer gaangen an hu ϐir meng Recheprüfung geléiert. D‘Claire hat deen Dag fräi, hunn ech gemengt. Et war jiddefalls net do. Et ass och dono net méi erëm komm. Haut weess ech, datt d’Claire mäi Papp fonnt huet, an esou laang gejaut hat, bis meng Mamm an de Salon koum. Ech weess dat, well ech dem Claire eng Kéier op der Strooss begéint sinn, virun zwee, dräi Joer. „Deng Mamm huet just mam Kapp gewénkt, ech soll eraus goen“, sot hatt. „Ech hat scho méi laang keng Loscht méi, alleng an der Kichen z’iessen. Ech wollt meng Saache paken. An dat hunn ech do och gemaach. Sief mer net béis, mee et war net esou schéi bei iech.“



Hatt huet frëndlech gekuckt a wéi et mech gefrot huet, wéi et mer geet, ass mir näischt agefall. Ech hu versicht, a mech eran ze kucken, mee do war just dat verloossent Haus, mat der naasser Tapéit. Dunn hunn ech geäntwert: „Net esou gutt wéi mengem Papp.“ Et war éierlech gemengt. Mee d’Claire huet sech duerch d’Bascht gemaach. Fréier, duecht ech, huet hatt méi geschwat, mee eis Gesellschaft kritt eis all. Owes war de Policeauto fort a meng Mamm sot: „Däi Papp huet eis am Stach gelooss.“ Méi net. Mir hunn d’Potironszopp giess, déi meng Mamm aus dem Tieϐkühler geholl hat, an d’Rou souz nieft eis am Zëmmer wéi ëmmer. Ech kann net soen, datt ech direkt begraff hat, wat passéiert war. Awer ech hunn och net gefrot, well ech net wollt ze vill braddelen. Et huet mech einfach net gewonnert, datt mäi Papp eis am Stach gelooss hat. Ech war och net traureg, net rosen. Wann ech éierlech sinn, war et en Owend, wéi all di aner och. Deen aneren Dag sinn ech opgestan, hu wéi ëmmer eng Taass, en Teller an e Messer um Dësch fonnt, hu giess a sinn an d’Schoul gaangen. Meng Mamm war op der Aarbecht an e puer Deeg méi spéit hate mer d’Begriefnis. En toute intimité. Dräi Leit. Meng Mamm, ech an d’Bomi, déi gekrasch huet. Awer eréischt, wéi meng Mamm nach um Kierfecht sot, si géif net wëllen eppes iessen. Et misst een esou e feigen Eskapismus net och nach belounen. Den Dag drop war dat neit Au-pair-Meedchen am Haus. Claudine huet et geheescht an hat eng déck Trëtz, déi em hanne vum Kapp an de Réck houng. Hatt huet am Ufank och vill geschwat a gelaacht, mee wat hatt méi laang an eiser Gesellschaft war, wat hatt méi roueg ginn ass.





11. Ech froe mech heiansdo, ob mäi Papp gemengt huet, säi Suicide géif eppes bewierken? Wollt hien en Zeeche setzen? War säin Dout logesch? Ech mengen, hien hat säi leschten Dag net geplangt. Soss hätt hie sech dach net am Pyjama erhaang. Wann hie schonns den Dag virdru gewosst hätt, datt den anere Moie säi leschte wier, dann hätt hie sech ugedoen, ier en an de Salon gaange wier. Do sinn ech mer sécher. Hien ass opgestan an eppes huet Klick gemaach. Hien huet op eemol begraff, datt säi logescht Bild vun der Welt an d’Welt selwer, net iwwerenee gepasst hunn. Wéi seng plakeg Féiss mueres d’Dille beréiert hunn, ass e Geϐill duerch d‘Zéiwen, bis erop an d’Gehir geklomm an hie wousst direkt, datt dat Geϐill näischt mat Logik ze dinn hätt. An domat ass seng ganz Existenz a Fro gestallt ginn. Alles, wat hie bis dohin gemaach hat, ass zesumme gebrach wéi en ale Schapp. Déi grouss Iddi, datt alles esou ass, wéi et muss sinn, huet ausgesinn, wéi wann e Glas op d’Plättercher gefall wier. Dat Geϐill un de Suelen huet ëmmer méi Geϐiller erop geschëppt; Geϐiller, vun deenen hien duecht, et géif se guer net ginn. Ech weess net, wéi eng Mëschung vu Geϐiller dat war, vläicht war Léift ϐir mech dobäi, vläicht Léift ϐir meng Mamm, vläicht och Haass géint sech selwer. Ech stelle mer di Geϐiller wéi Spawecke ϐir, di am ϐiichten Haus op eemol iwwerall houngen. Mäi Papp konnt keen Zentimeter goen, ouni vun de Spawecken agewéckelt ze ginn. Ënnerlech huet en em sech geschloen a gejaut, während en no bausse roueg ob den Dësch geklomm ass, eng Rideausschnouer e puer Mol em säin Hals an em de Lüsterkroop geluecht huet, an dunn e Saz an d’Lut gemaach, d’Knéien ugezunn huet a vum Dësch gesprongen ass. Säi Genéck ass gebrach wéi e Fixspoun. Klack. Geet et duer, sech selwer ëmzebréngen an anerer mat Rou ze loossen? Ech mengen net.



De Suicide huet an eiser Gesellschaft… De Suicide, deen huet keng gesellschaftlech Wierkung. Di meescht Leit, froe sech just, wéi kann een esou eppes maachen, mee stelle sech dobäi net selwer a Fro. Dat heescht, de Suicide weist deen, dee sech d’Liewen hëlt, als een, dee net normal ass. Dobäi ass, einfach ëmmer weider ze maachen, net normal. Mee den organiséierten Organismus, dee weess sech ze hëllefen. An op ee Mol brauchen all di Leit, di keng Loscht méi hunn, Hëllef. Awer den Organismus selwer net. An da ginn op der Rouder Bréck Plexiglasscheiwen opgeriicht, well d’Gesellschaft et esou gutt mat de kranken Mënschen mengt. Dat heescht, den einfache Suicide ënnerstëtzt d’Géigendeel vun deem, wat en erreeche wëllt. D’Resultat ass kee Rass an der Fassad, mee eng Zementéierung vun de Strukturen.



12. Bei deem, wat ech virhunn, ass dat anescht. Muer de Moie bréngt de Bréifdréier dem Tageblatt, dem Wort, dem Journal, dem Jeudi an dem Land mäi Bréif. Doranner explizéieren ech den Zesummenhang vum Dout vun de Leit an de Strukturen vun eiser Gesellschaft, de Lien zwëschent Onmënschlechkeet an Ekonomie. Performance. An am Bréif ginn ech och drop an, datt ech d’Resultat vu Relatiounen sinn, déi op Oϐhängegkeet baséieren an net op Ethik. Ech scheie mech net, dat Wuert „Ethik“ an de Mond ze huelen. Well ech der Meenung sinn, datt mäin Akt, dee vill Blutt wäert bréngen a vill Doudeger, méi moralesch ass, wéi eng Gesellschaft, déi alles dru setzt, d’Mënschen aarm ze maachen a politesch auszeschalten. Firwat ech dann net Politiker erschéissen oder e Räichen? Well d’Schof genau sou schëlleg si wéi d’Wëllef. Ech hunn och laang gebraucht, bis déi Iddi mer ageliicht huet, déi Iddi, duerch den Dout ze goen, ϐir d’Liewen ze fannen. Mee mir komme jo aus dem Dout. Vun do, wou mir näischt waren. Meng Mamm a mäi Papp zesummen am Bett: dat muss der Dout gewiescht sinn. A vun engem Abléck op den anere spieren mir eis. Ech leien a Flëssegkeet. Et ass waarm. Et ass däischter a roueg. Ech gi geschaukelt. D’Welt ass schonn do, ouni do ze sinn. An da kënnt den Drock. An ech rutschen. Et gëtt hell a kal. Stëmmen, Getrëppels. An ech jäizen. Jäizen eran an eng Famill. Brauch een eng Famill? Dat ass esou eng Fro, déi kënnt, wann ee bis nodenkt. Brauch een eng Famill? Jo, et brauch een eng Famill. An dat soen ech net nëmmen, well ech keng hat.



Zesumme schwätzen, zesummen iessen, zesummen d’Welt erliewen. A wa se och nëmmen aus enger Strooss an enger Spillplaz besteet. Dat ass d’Bas vun engem emotionale Gläichgewiicht. An elo kuckt mol, wéi bei eis den Hues leeft. Ënnert dem Virwand vu Gläichberechtegung kréie mer erzielt d’Kanner missten esou séier wéi méiglech an d’Crèche kommen, am beschten scho mat dräi Méint. Dat wär gutt ϐir d’Kand an d’Fraen kënnten dann erëm schaffe goen. Dat sinn Thesen, déi vun der Ekonomie diktéiert ginn, an déi weder eppes mat der Gesondheet vum Kand ze dinn hunn nach eppes mat Gläichberechtegung.



Datt mer eis richteg verstinn, eng Mamm, déi direkt no der Gebuert gäre schaffe geet, soll dat mengetwegen maachen, mee da ka jo vläicht de Mann doheem bleiwen. Oder et ass vläicht eng Bomi do. Mee, wann een eppes Gutts un der Famill fënnt, dann ass ee jo riets hautdesdaags, gell dier. Ech weess och, datt et Mënschen gëtt, déi an anere Situatioune stiechen, mee si sinn net d’Regel, si sinn d’Ausnam. Eis Gesellschaft diskreditéiert d’Famill als konservativ Ideologie, déi keng Roll méi däerf spillen. Well et ebe Leit gëtt, déi Intressi drun hunn, datt Schaffen dat wichtegst am Liewen ass, well se dann duerch d‘Aarbecht, déi di aner leeschten, méi Sue verdéngen. An d‘Mënsche maache mat, gleewen op eemol, datt d’Famill der Emanzipatioun am Wee steet.

Ech mengen, datt och meng Mamm, wann net bewosst esou geduecht, dann awer onbewosst esou gehandelt huet. Déi, di ϐir eis an der Firma geschafft hunn, sinn och just duerch hiert Schaffen deϐinéiert ginn. Genau wéi ech selwer. Hunn ech Leeschtung bruecht, Performance, hat ech eng gutt Zensur, huet meng Mamm kuerz mam Kapp gewénkt an ech konnt weidermaachen. War een an der Firma dacks krank, dann huet e gestéiert. Et ass net gefrot ginn, wat en hätt oder ϐirwat e krank ginn ass. Et ass villméi no enger Méiglechkeet gekuckt ginn, en ze entloossen. Ween net schafft, ass näischt wäert; een deen aarbechtslos gëtt, ass selwer schold, een deen op der Strooss lant, huet et net besser verdéngt. Esou gesäit eis Gesellschaft aus, eng Gesellschaft, an där alles gemaach gëtt, d’Famill opzeléisen. Dobäi sollt eng Gesellschaft am Fong eng Famill am Grousse sinn.





13. Meng Kandheet war eng Fiktioun. Am Fong hunn ech net existéiert. Meng Elteren stoungen do wéi Haiser ouni Dieren. Era sinn ech ni komm. Den Ëmgang matenee war e Ritual, ass verlaf no Regelen, déi keen huet misste virsoen, vun deenen awer och kee wousst, ween se festgeluecht hat. Mir waren zesummen, ϐir alleng ze sinn. Well an de Riten am Laf vun de Joren d’Symbolkraaft verluer gaange war. E bësschen wéi an der Kierch, wou een zesumme biet, ouni eppes mam Noper ze dinn ze hunn. Et steet een op bei verschidden Aktiounen, bei anere knéit een an dann däerf ee sech erëm sëtzen. All Mënsch mécht mat, kee weess ϐirwat. Um Enn geet een heem.



Meng Elteren sinn ni an d’Kierch gaangen. Eng Séil hu si ni an de Mond geholl. Kee verschléckt sech fräiwëlleg. Ech selwer sinn och net reliéis. Do misst ee jo eppes ϐillen. Mee ech froe mech, wéi eng Roll Relioun kinnt an enger Gesellschaft spillen? D’Grondprinzipien vun engem gudden Zesummeliewe kann een an alle grousse Relioune fannen, wann ee wëllt. Awer a Wierklechkeet sinn all eis Ritualer eidel wéi e vermuuschtend Déier. Vu baussen mengt een, de ganze Villchen do leien ze gesinn awer wann ee sech béckt a méi no dru geet, mierkt een, datt alles ewechgefault ass an nach just d‘Plommen do sinn. „Eidel“ ass de Begrëff vun eiser Zäit. „Eidel“ a „midd“. Eidel Leit, eidel Keesen, eidel Ritualer, midd Käpp, midd Bezéiungen, midd Liewen.

„D’Liewen“, sot mäi Papp dacks. Soss näischt, einfach nëmmen: „D’Liewen.“ Matten an d’Rou eran, an d’Rou vum Salon. „D’Liewen.“ Dat huet geklongen, wéi wann en eppes gesinn hätt, dat en zwar kennt, awer mat deem en net vill konnt ufänken. Wéi wann ee géif soen: E Schleek. Oder eng Täschelut. Wéi wann e sech d’Wuert misst virsoen, ϐir et net ze vergiessen. Wann hie „Logik“ gesot huet, hat dat eng aner Kraaft. Wéi e roude Fuedem huet dat geklongen, e roude Fuedem, deen een iergendwou hiféiert. Mee „d’Liewen“ ... Hien huet dat dacks gesot.



An iergendeng Kéier duecht ech et muss eppes dru sinn un dem Liewen, wann däi Papp dat Wuert esou dacks gebraucht. Dat musst du der ukucken. Ech hunn doropshin ugefaangen, Déieren opzeschneiden, doudeg Mais, och emol e liewege Wuerm. Ech wollt d’Liewe gesinn, wéi fréier d’Logik hannert dem Kanapee. Wéi meng Mamm dat ϐir d’éischt matkrut, huet si sech nieft mech gestallt a gefrot: „Wat méchs de do?“ „Ech kucke mer d’Liewen un“, hunn ech geäntwert. „Ech mengen, dat ass dobannen.“ Si huet näischt weider gefrot, mir nogekuckt, wéi ech d’Gedäerms vun der Maus eraus gezunn hunn an e puer Deeg méi spéit hat ech a menger Kummer esou en Doktorset stoen mat Klameren an engem Skalpell. Si hat net verstan, no wat ech gesicht hunn. An hiren Aen hunn ech mech ϐir Medezin interesséiert. Also … do sëtzt e klenge Jong, dee sicht d’Liewen an doudegen Déieren. A seng Mamm kuckt no. … Wann ech misst e Bild auswielen, ϐir eis Existenz ze beschreiwen, eist Zesummeliewen, wär et genau dat vun dem klenge Jong.



14. Och d’Claudine ass bei ons gestuerwen. Mäin zweet Au-pair-Meedchen. Also net wierklech „gestuerwen“. Mee alleng u senger décker Trëtz am Réck konnt ee gesinn, wéi wäit den Dout schonn an em souz. Hatt huet sech net vernoléissegt. Nee, nee. Esou gesäit der Dout net aus. Wat d‘Claudine méi laang bei eis am Haus war, wat seng Trëtz méi uerdentlech geliicht huet. Doϐir ass hatt selwer ëmmer méi e Schiet ginn. Wéi hatt bei eis ugefaangen huet, du huet säi Gesiicht geliicht a seng Trëtz war esou séier zesumme geϐlecht, datt verschidde Buuschten wéi elektriséiert ewech stoungen. Do war Stroum dran. D’Claudine wollt ëmmer eppes mat mer ënnerhuelen: an de Park goen, am Wanter Schlitt fueren, esouguer Fussball spille wollt hatt. Mee ech war schonn esou wäit, datt ech dat dem Guy an dem Rodrigo iwwerlooss hunn. Ech souz léiwer doheem an hu vum Kanapee an de Salon gekuckt. A wann ech emol eng Kéier op dem Claudine säi Geϐléifs gelauschtert hunn a mat him eraus op d’Strooss gelaf sinn, ϐir Fiederball ze spillen, da konnt ech sécher sinn, datt meng Mamm grad deen Dag éischter heem komm ass. Si huet zwar näischt gesot, net gemeckert oder geroost, mee ech wousst direkt, datt ech mech alt erëm am Liewensniveau vergraff hat. An och d’Claudine huet dat gespuert an den Dag drop war seng Trëtz e Stéckelchen besser geϐlecht. Et hu manner Hoer duerch d’Géigend gewisen; e puer Watt vu senger Energie waren duerch d’Bascht. An enges Daags sinn ech aus der Schoul komm an hatt souz virun der Tele. Mëttes. Ech war schockéiert an hu ronderëm mech gekuckt, ob meng Mamm net do wier. Well scho Mëttes d’Tele ze kucken, dat war op engem Liewensniveau wäit ënnert Fussball spillen. Wa meng Mamm géif heemkommen, dann dierft d’Claudine seng Saache paken. „Wat méchs du?“, hunn ech gefrot an hatt huet geäntwert: „Ech kucke Fernseh.“ An dunn ass mir seng Trëtz opgefall: déi war esou perfekt geϐlecht, wéi wa siwe Coiffeuren en Dag laang dru geschafft hätten. Ech si laanscht hatt gaangen, ϐir a mäin Zëmmer, an ech weess, datt ech dobäi e Bild am Kapp hat, wéi ech e Briquet ënnert seng Trëtz gehalen a se verbrannt hunn. Vun deem Dag un, souz hatt all Mëtten do an huet Fernseh gekuckt.



An een Nomëtten, ech war esou 16 Joer al, do hunn ech mech nieft hatt gesat. Ech hat emol net nogeduecht, et ass einfach passéiert. Den éischte Moment war ech erféiert. Ech wollt direkt erëm opstoen, mee dunn ass säi Bléck duuss ginn a seng Hand huet sech op mäi Bee geluecht. Ech wousst, wat dat bedeit huet. De Guy hat Zeitunge mat an d’Schoul bruecht, do ware Fotosgeschichten dran. Op engem éischte Bild hu sech ëmmer e Meedchen an e Jong getraff, op enger zweeter Foto souzen se um Kanapee an d’Meedchen hat eng Hand um Jong sengem Been. Op der drëtter hu se sech gekësst. Et huet een d’Zonge gesinn an op deene Fotoen dono huet een alles gesinn. De Guy an de Rodrigo ware ganz begeeschtert an hunn ëmmer „biischte“ gesot, wéi wann alleng dat Wuert si géif matten an esou eng Geschicht katapultéieren. Da sot de Guy: „Oh vreck, wat hunn ech eng Gäns.“ An de Rodrigo sot: „An ech eréischt.“ Ech hunn op di Biller gekuckt, wéi d’Koppel uneneen houng, iwwereneen, hannerteneen, wéi d’Meedchen an de Jong anenee gestach hunn … an ech hat keng Gäns. An och wéi dem Claudine säi Gesiicht méi nokoum an du seng Zong widdert meng Zänn gerannt ass, ëmmer erëm e Lach gesicht, e bësschen wéi eng Zännbiischt geriwwen huet, och do hunn ech näischt geϐillt. Wéi hatt opgehal huet mat senger Zong, huet et mer de Bak geheemelt an a sengem Bléck war Matleed. Deemools konnt ech näischt domat ufänken. Haut ass et ϐir mech dee schéinsten Ament, deen ech a mengem Liewen hat. Well hatt a mech era gekuckt hat, well säi Kuss e leschte Versuch war, mech ze retten, well et him net em sech gaangen ass, mee em mech. Eng Woch drop huet hatt mer gesot, datt et géif goen. „Ma jo“, sot ech, „da maach et gutt.“ Hatt huet geschléckt an seng Aen hu liicht geglënnert. „Du och“, sot hatt. Dunn ass meng Mamm heem komm. Mir hunn de Schlëssel am Schlass héieren, an ech si séier a meng Kummer gaangen, hunn awer d’Dier e Stéck opgelooss. D’Claudine huet Suen an d’Hand gedréckt kritt a meng Mamm sot: „Dir musst net bis e Samsdeg bleiwen. Wann Der wëllt fort, ass et wuel besser, Dir mat dat direkt.“



Ech hu meng Dier lues zougemaach. D’Claudine huet gepaakt. Ech hu seng Schrëtt op den Dillen héieren an ech mengen, datt et eng Sekonn laang viru mengem Zëmmer gezéckt huet. Dunn ass d’Viischtdier gaangen an ech hunn hatt ni méi erëm gesinn. Virun e puer Joer hunn ech säi Numm op Facebook aginn, mee näischt fonnt.



15. Wéi d’Claudine mech deemools gekësst huet, hunn ech ugefaang immens ze schweessen. Dat Schweesse war näischt Neits. All Kéiers, wann ee mir ze no koum... Wann de Bunnes zum Beispill (esou hu mer de Chimiesproff genannt), wann dee sech hannert mech gestallt huet, ass et scho lass gaangen. Hien huet d’Schüler gäre masséiert, ϐir se méi lacker ze maachen. Ech weess och net, wat e sech dobäi geduecht huet. Kee vun eis huet dat gutt fonnt, mee keen huet eppes gesot. An ech hu geschweesst. Oder an der Schwämm, wann di aner ee gezappt hunn, dann hat ech d’Geϐill ënner Waasser ze schweessen. An ech wousst ëmmer, datt et meng Schold wier. Doheem war ech et, dee gebraddelt huet, deen domm Froe gestallt huet, deen dobaussen mat Kanner gespillt huet, déi anescht waren. Wa meng Mamm an de Salon koum, war d’Zëmmer voll. D’Tatsaach, datt ech och am Salon souz, also an engem iwwerfëlltene Raum, huet mech schëlleg gemaach. Ech war ze vill an ech hu geschweesst. Wann een an der Schoul un d’Tafel gekrozelt hat: Dem Bunnes feelen d’Eeër, an de Bunnes ass an d’Klass komm an huet gefrot: „Wee war dat?“ (Eng zimlech blöd Fro. Mee bon, de Bunnes war och weltfriem wéi e Kisel ënner dem Buedem.) Wann hien, wéi gesot, era koum a gefrot huet: „Wee war dat?“, dann hat ech ëmmer den Impuls, ϐir d’Hand ze hiewen. Ech hätt ni esou eppes un d’Tafel geschriwwen. Ech mengen, ech muss och net erzielen, wien dat war. Mee ech war ëmmer schëlleg. Oder wann ech versicht hunn, menger Mamm eppes ze verheemlechen, sinn ech mat Sécherheet erwëscht ginn. Hir Aen hu wéi e Ligendetektor fonctionnéiert. Och wann ech d’Wourecht gesot hat, konnt ech um Flackeren vun hiren Aen gesinn, datt ech gelunn hat. An dann hat ech de Mond voller Spaut. Wéi wann et och a mengem Mond ze waarm wier, an de Gomm géif schweessen. An enges Daags, ech war matten an der Virbereedung ϐir de Premieres-Examen, sot meng Mamm mer: „Du kanns mer e Joer laang an der Firma hëllefen, wann s de mat der Premiere fäerdeg bass. An duerno op Paräis Ekonomie studéiere goen.“



Dat war dee Moment wou et mer eng éischte Kéier e bësse méi kal am Mond gouf. Normalerweis hätt ech einfach brav „Jo“, geäntwert. Mee am Schoulhaff haten di aner just dee Moien erzielt, wat se géife studéiere goen oder wollte schaffen. De Guy, deen zu mengem éiwegen Erstaunen mat mir géif d’Premiere maachen, sot, en hätt sech scho bei enger Bank virgestallt. Anerer wollte Germanistik studéieren oder Medezin an d’Annette sot, hatt géif op eng Schauspillschoul goen. Dat huet mer direkt ageliicht. An ech sot net nëmmen dee Moien am Schoulhaff zu deenen aneren, ech géif och Schauspiller ginn, mee hunn och menger Mamm geäntwert, ech hätt vir, an Däitschland ze plënneren an net op Paräis a wëllt keng Ekonomie maachen, mee op d’Bühn. D’Reaktioune ware ganz ënnerschiddlech. Am Schoulhaff ware se paff an hu gekuckt, wéi wa se mech ϐir d’éischt an hirem Liewe géife gesinn. A meng Mamm huet e Moment d’Aen méi grouss opgerappt an dunn eng Kéier kuerz gelaacht. Am Fong just een Toun gelaacht. Dunn ass si an de Salon gaangen an ech hunn aus eiser Bibliothéik Theaterstécker erausgegraff an ugefaang ze liesen. Vill Modernes hate mer net doheem, dat hunn ech mer du kaf. Di Texter sinn a mech era gelaf an ech konnt se auswenneg, nach ier ech se geléiert hat. Ech hunn deemools eng Schizophrenie entwéckelt, déi mech als Benoit Pleimer erdroen huet, well se mer am selwechten Ament erlaabt huet, Saachen ze maachen, déi ech mech ni getraut hätt.



Ech hunn de Mond opgemaach a Monologer gehalen, déi ech virdru gelies hat. Et wor näischt, wat vu mir koum. D’Wierder hat en aneren geschriwwen. An egal, wat passéiert ass, ech konnt ëmmer engem aneren d’Schold ginn, well ech selwer hannert menge Figuren verschwonne sinn. A wéi ech mam Annette am Bett gelant sinn, konnt ech tatsächlech. An d’Annette huet gemengt, ech hätt mäi Liewe laang nach näischt anescht gemaach, ewéi Meedercher ofzeschleefen. Dobäi wor ech d’Jongfra, an net hatt. All Kéiers wann d’Annette a mengem Bett loung, war ech en aneren. Wär ech eng Kéier de Benoit Pleimer gewiescht, hätte mer net kinnte mateneen schlofen. Wann ech éierlech sinn, hat ech et eng Nuecht probéiert a si séier un d’Schweesse komm. Et ass näischt gaang, dunn hunn ech e puer Sätz aus dem Nigel Williams sengem Klassenfeind an de Raum gejaut, hunn d’Annette un den Hoer gerappt an … D’Annette ass deen Owend fortgelaf. Mee zwee Deeg drop war et erëm do. A sengen Aen war Angscht, awer hatt ass bliwwen. An ech hunn duerch déi Gewalt op eemol meng Mamm verstanen. Hir Autoritéit.

Ech hunn enges Daags e Porno gesinn, wou den Typ de Kapp vun der Fra iwwerdeems an d’Toilette stécht. Dat huet mer direkt ageliicht, wéi e Bild, dat d’Verhältnisser an eiser Gesellschaft méi éierlech gewisen huet, wéi alles wat ech bis dohi gesinn hat. Net nëmmen d’Relatioun Männer-Fraen, all d’Ënnerscheeder hunn ech an där Sequenz gesinn, d’Eegiel vun enger Gesellschaft, déi alles stéisst, wat kinnt falen. Soubal s de eng Kéier net oppasst, huet deen aneren der d‘Genéck duerchgebass oder däi Kapp stécht an der Toilette, während hien dech vun hannen... Bon.



16. Ech hunn d’Annette eng ganz Zäit mësshandelt. Wéi wann ech him hätt willten zeréck bezuelen, wat d’Gesellschaft mir ugedoen hat. D’Annette wor och dat éischt, dat mer Speed ginn huet. Ech duecht, alles wat géint d’Uerdnung geet, ass an der Rei, du muss däi Kapp eraus zéien aus der Garotte. Also hu mer Linne geluecht, e Schäin gerullt, an d‘Chimie duerch d’Nues gezunn. Speed ass wéi eng Wierdermaschinn. Et kann ee guer net méi ophale mat schwätzen. Wann ech drop wor, dann hunn ech mer virgestallt, wéi ech de ganze Lampertsbierg a Brand gestach hunn. Den Nero vum Lampertsbierg. An ech wor bereet, selwer mat ze verbrennen. Enges Owes hat ech esou vill Linne gezunn, datt ech duecht, mäi Kapp misst all Moment platzen. Ech hu mer misste Loft maachen, sinn d’Stécker duerchgaangen, déi ech kannt hunn. Op eemol wor dee Saz a mengem Kapp: „Fort do oder ech fueren driwwer.“ Fortdo oder echfueren driwwer. Fortdooderechfuerendriwwer. Fortoschfuerdriwwer … Ech stoung elo an der anerer Halschent vum Liewen a matten am Chaos. Well wann ech bis dohin eppes geléiert hat, da war dat, datt Uerdnung ni neutral ass. Ni. Wann iergendwou Uerdnung wiisst, dann huet ee se geplanzt, dann ass een doϐir verantwortlech an di aner leiden drënner. Hei am Land lafen elauter Leit mat Allergie ronderëm, well d‘Uerdnung bei hinne gestëmmt huet a si als Kanner ni hunn dierfe Sand an de Mond stiechen. An och keng knaschteg Wierder. Doϐir stieche se haut Kichelcher a sech eran, ϐir e bëssche Gléck ze spieren. Uerdnung heescht näischt woen. Angscht virun deem Friemen. An hei zu Lëtzebuerg ass d‘Uerdnung omnipräsent. Well d’Land esou kleng ass. Bei den Noperen liewen esou vill Milliounen, datt eng Grëtz Chaos automatesch dobäi ass. Mee bei eis, mat esou wéineg Leit, déi all jäizen, mer wëlle bleiwe wat mer sinn, do huet d’Uerdnung, di meescht scho geschléckt. Zemools well d’Suen an der Täsch doϐir suergen, datt di mannst e Geϐill doϐir hunn, wéi d’Welt ausgesäit. Nämlech vill méi grouss, vill méi aarm, vill méi onuerdentlech. Ech mengen, datt eng Pipette voll Chaos eisem Land géif gutt doen.



Mer wëlle bleiwe, wat mer sinn. Stëllstand, keng Bewegung méi. Mental Paralyse, déi sech an enger brutaler Onfäegkeet ze diskutéiere weist. E Gebills, well se all hir Uerdnung wëllen duerchsetzen. Verschiddener wëllen esou gäre bleiwe, wat se sinn, datt se esouguer Diktatur an Demokratie verwiesselen. D’Leit jäize léiwer, wéi datt se nodenken. Oder se soe guer näischt an hoffen esou, d’Uerdnung ze retten. Eng Uerdnung vun Intoleranz, déi d’demokratesch Wäerter an d’Toilette zappt an se vun hannen … Jo, dat hunn ech scho gesot. … Doϐir gëtt et dann ebe Konscht, eng wéi muer de Moien. (Pëspert:) Mer wëlle bleiwe, wat mer sinn. Nee. Sech beweegen. (Pëspert:) Mer wëlle bleiwe, wat mer sinn. Nodenken, Saachen ausprobéieren, de Leit eng Chance ginn. (Pëspert:) Mer wëlle bleiwe, wat mer sinn. Viruerteeler hannerfroen an net ouni Froen veruerteelen. (Pëspert:) Mer wëlle bleiwe, wat mer sinn. Net esou schwaarz a wäiss, Tirang op, Tirang zou. (Pëspert:) Mer wëlle bleiwe, wat mer sinn. Sech veränneren, jo, da kënne mer gäre bleiwe, wat mer sinn. Et kléngt esou einfach, et kléngt esou platt an et ass ϐir de Lëtzebuerger esou schwéier a komplizéiert. Konscht heescht, net stoen ze bleiwen. A vun alle Konschtformen ass den Theater déi ephemerst, déi, di als Produkt direkt vergeet a sech an der nächster Virstellung erneiert. D’Performance ass nach méi radikal. Si huet d’Verännerung souzesoen am Blutt. Wa Lëtzebuerg en Nëssert ass, dann ass d’Performance en Nossknacker.



17. Sou. Et ass net méi laang bis muer de Moien. Wa mer géifen um Mier sëtzen, kéint ee geschwënn d’Sonn opgoe gesinn. E Sonnenopgank oder Ënnergank. Avantgarde oder Klischee? Wat mengt dir? Ech géif soen, et kënnt op de Kontext un an op d’Absicht mat där d’Sonn opgeet. Performance oder eidelt Ritual? En neien Dag oder d’Widderhuelung vu Gëscht? Eos, d‘Mueresrout, eng lieweg Gottheet mat Rousefangeren oder Gipsstatu um Fënsterbriet am griichesche Restaurant? Dat ass elementar. Well dat eent Erneierung ka sinn an dat anert eng Zementéierung vum Dout ass; dat eent d’Méiglechkeet a sech dréit, a Fridden zesummen ze liewen an dat anert Vegetéieren um ënneschte Niveau bedeit; dat eent am Numm vun enger Utopie geschitt, dat anert am Numm vum Ausverkaf vu Wäerter. D’Attentater vu Paräis a vu Bréissel, genausou wéi all di aner Attentater am Numm vun enger reliéiser Diktatur, hunn näischt mat deem ze dinn, wat ech virhunn. Ausser vläicht, datt och bei mir Leit stierwen. Mee soss, sinn des Attentater genau d’Géigendeel vu menger Performance. Dat ass keen Zynismus. Ween elo „Zynismus“ jäizt, dee wëllt net nodenken, deen huet sech mat sengen Tiräng arrangéiert a pëtzt d’Aen zou, wann en d’Welt gesäit. Wéini ass Mord erlaabt an eiser Gesellschaft? Wéini schwätzt een net méi vu Mord, mee vun Hiriichtung? Sinn all d’Zaldoten am Krich Mäerder oder sinn et Befreier?



Hänkt vum Point de vue of, sot der. Jo. A wéi e Point de vue huet Recht? Do ginn et vill Äntwerten. Esou vill Äntwerten wéi Leit, déi versichen, hir Positioun ze rechtfertegen. Fir do eraus ze kommen, brauch een de Kontext an d’Absicht. A wéi engem Kontext lieft een? Wéi gesäit di Gesellschaft aus? Ass se ϐir all Mënsch an der Rei oder grenzt se Leit aus? Hält di Gesellschaft sech un hiert d’Grondgesetz, un hir eege Regelen oder gëtt versicht, di Regelen auszehielegen? An dann, wéi eng Absicht stécht dohanner? Wëllt een de System vu bannen eraus, op Gronn vu senger eegener Base erneieren oder wëllt een alles zerstéieren ϐir eppes komplett anescht ze installéieren. Am éischte Fall huet ee Glawen, am zweeten huet een Terror. Am éischte Fall gleeft een un d’friddlecht Zesummeliewen, am zweete Fall optéiert een ϐir d’Diktatur. Am Fong ass eis Gesellschaft um beschte Wee genau dat ze realiséieren, wat di reliéis Fanatiker mat hiren Attentater virhunn. Just datt eis Gesellschaft keng Attentater asetzt, mee Ekonomie. Wéi entscheet een sech do? Wat soll een do maachen? Wiele goen?



18. No menger Zäit zu Berlin sinn ech och erëm zu Lëtzebuerg ukomm. Ech hu séier eng Aarbecht gebraucht an de Guy huet mer gesot, datt se bei him op der Bank nach ee bräichten. Am Guichet. De Guy... Zeréck an d’Land vu menger Mamm; och ouni Ekonomie zu Paräis studéiert ze hunn. Eng kleng Wunneng, mam Vëlo op d’Schaff. E puer Joer drop méi eng grouss Wunneng a Moies an den Auto geklomm. Nach e puer Jore méi spéit en halleft Haus an en zweeten Auto, e Sportswon, an der Garage. Ech hunn et opginn, nieft der Aarbecht mat Leit ze schwätzen. Ech huele keng Droge méi. Ech schlofen och mat kenger Fra. Ech sinn do ukomm, wou se mech wollten hunn. Ech sinn en Duerchschnëttslëtzebuerger. E Mënsch, dee vläicht e bësschen ze vill sensibel war an dowéinst scho laang guer näischt méi ϐillt, dee vläicht e bësschen ze laang matgemaach an noginn huet an doϐir keng Méiglechkeet gesäit ze iwwerliewen, een deen a senger Kandheet a Jugendzäit esou brav war, datt en elo geschwënn em sech schéisst. Meng Mamm waart ëmmer, bis mäi Guichet fräi ass an da kënnt se bei mech. Ech schwätze mat hir wéi mat deenen anere Clienten. Ni eppes Perséinleches. Iwwert d’Wieder geet meeschtens riets. Nawell waarm, nawell kal, nawell Reen, nawell Wolleken. Dat ass e Gespréich, dat féieren ech ongeféier 400 Mol am Dag. All Dag. Heiansdo froen ech mech, op meng Mamm kënnt, ϐir ze kucken, op ech nach do sinn. Just aus Virwëtz. Gëtt et d’Firma nach? D’Haus mam Schiet vum Claire a vum Claudine? Mengt meng Mamm, se hätt alles richteg gemaach? Alles politesch korrekt? Political Correctness: Synonym ϐir den Dout vu Kultur an de Géigendeel vu Moral. Uerdnungspolice, déi ëmmer do ass, ϐir de Fanger an d’Lut ze hiewen, wann ee gewot huet ze laachen. Politesch korrekt. Macht iech keng Illusiounen. Vläicht hutt der esouguer de ganzen Owend gegleeft, datt mer hei an enger Bank sinn an iech näischt ka passéieren. Vläicht hutt der esouguer gegleeft, datt et eng onsiichtbar Barrière zwëschent dem Benoit Pleimer an iech gëtt. Wee seet iech, datt ech de Benoit Pleimer sinn? Nee, mir sinn net an enger Bank, mir sinn an engem Theater. Hei ass meng 22er Jennings. An e puer vun iech wäerte stierwen. Net alleguer, mee awer esou vill, datt di aner net laanscht dësen Akt kommen. Ass dat hei nach Theater? Kann et sinn, datt e Schauspiller duerchdréint? Matten op der Bühn? … D’Stéck ass eriwwer. … D’Performance huet ugefaangen. … Meng Mamm sëtzt iwwregens net am Public.





Performance E Monolog vum Guy Helminger

De Benoît Pleimer schafft op der Bank. De Benoît Pleimer ass an enger gutt beduchter Famill opgewuess. Do krut en alles wat e wollt, just net dat, wat e gebraucht huet. Haut den Owend erklärt en, firwat en do steet, wou en elo steet - ass et wéinst senger Mamm ? deem kranken Organismus, dee mer Gesellschaft nennen ? der Relioun ? oder well e, wéi e kleng war kee « Fernseh » huet dierfe kucken, well « Fernseh » ass fir déi, di op där anerer Säit vum Ënnerscheed liewen : « d’Locatairen », d’Aarbechter, d’Auslänner… Wéi gesot, de Benoît Pleimer schafft op der Bank. An haut den Owend ass e mi laang bliwwen. E wäert och bis muer de Moien do net fortgoen. A wann en da geet, da fir richteg, a mat him nach e puer anerer. Esou wéi et ausgesäit och seng Mamm. Mee vläit ass dat, wat de Benoît virhuet, jo « just », wéi e seet, eng Performance. Just eben eng mat engem Klabes an der Hand.

avec Jules Werner mise en scène Anne Simon scénographie et costumes Anouk Schiltz coproduction Théâtre du Centaure et Kulturhaus Niederanven Théâtre du Centaure novembre 2016 photographie / mise en page Bohumil KOSTOHRYZ


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.